Websäiten, Apps a KI-Agenten zu LëtzebuergMir bréngen d’Zukunft bei Iech
Är Visioun ass eis Passioun
Vun der éischter Iddi bis zum Lancement entwéckele mir digital Léisungen, déi séier, propper a genee passend fir Äre Betrib sinn.
Mir lauschteren no, denke mat a bauen digital Léisungen, déi Ärem Betrib wierklech eppes bréngen. Alles aus enger Hand, an Ärer Sprooch.
Eis Servicer
Alles, wat Äre Betrib digital brauch.
Mir entwéckelen digital Léisunge fir Betriber. Vun der éischter Iddi bis zur fäerdeger Säit kritt Dir alles aus enger Hand.
Websäiten an Online-Shoppen
Firmesäiten an Online-Shoppen, déi séier lueden a propper lafen. Performant gebaut a passend zu Ärem Betrib.
Méi iwwer WebsäitenApplikatiounen
Applikatioune fir Handy an Tablett, déi Är Aarbechtsofleef vereinfachen an Är Prozesser digitaliséieren.
Méi iwwer AppsKI-Agenten
KI-Agenten, Automatisatioun an intelligent Léisungen. Mir setze se just do an, wou se Ärem Betrib e kloren Notze bréngen.
Méi iwwer KI-AgentenDe Staat bezilt bis zu 70 % vun Ärem Projet.
Mat dem SME Package Digital ënnerstëtzt de Lëtzebuerger Staat KMUen bei Digitaliséierungsprojeten tëscht 3.000 € an 25.000 € (ouni TVA). Mir erklären Iech, wéi et funktionéiert.
Sou funktionéiert d’SME PackageEise Prozess
Fënnef Schrëtt. E feste Präis. Kloer Ofsproochen.
Fënnef Schrëtt, e feste Präis a kloer Ofsproochen.
- 01
Éischt Gespréich
Mir lauschteren no a verstinn Äre Projet.
- 02
Konzept a Design
Richtung, Design a Prototyp entwéckele mir zesummen.
- 03
Entwécklung
Mir bauen d’Léisung an halen Iech um Lafenden.
- 04
Tester a Lancement
Mir testen op Handy, Tablett a Computer, ier et online geet.
- 05
Weiderentwécklung
Och nom Lancement bleiwe mir do.
Eist Team
D’Leit hannert Nave
E klengt Team aus Lëtzebuerg: Dir schwätzt direkt mat deenen, déi Äre Projet och ëmsetzen.



Iwwer Nave
Äre Partner fir Websäiten, Apps a KI zu Lëtzebuerg
Nave ass eng Digitalagence aus Diekirch. Mir entwéckele Websäiten, Online-Shoppen, Applikatioune fir Handy an Tablett a KI-Agente fir kleng a mëttel Betriber a ganz Lëtzebuerg, vum Éislek bis an de Minett.
Bei eis kritt Dir alles aus enger Hand: Berodung, Konzept, Design, Entwécklung a Betreiung nom Lancement. Mir schwätze Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch, schaffe mat engem feste Präis a begleeden Iech beim SME Package Digital, mat deem de Staat bis zu 70 % vun de fërderfäege Käschten iwwerhëlt.
- Webdesign Lëtzebuerg
- Online-Shoppen
- App-Entwécklung
- KI-Agenten & Automatisatioun
- SME Package Digital
- Méisproocheg Websäiten
- Diekirch & ganz Lëtzebuerg